D’Fondatioun Kräizbierg, œuvre d’utilité publique, sicht fir hire Foyer Domaine Schoumansbongert zu Fréiseng
een „Responsable-Coordinateur Pédagogique” (m/w/x)
mat engem Erzéierdiplom
40 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDI
Är Missiounen :
Als „Responsable-Coordinateur Pédagogique“ sidd Dir zoustänneg fir d’Gestioun vum sozio-pädagogesche Volet vum Foyer. Dës Fonctioun beinhalt d’Gestioun vum Team bestoend aus Educateuren, esouwéi d’Koordinatioun vun de sozio-pädagogeschen Aktivitéite vum Foyer. D’Opstellen, esouwéi d’Mise à jour, vum „plan d’accompagnement socio-pédagogique“ vun den Usager’en ass eebenfalls eng vun de Missiounen.
Äre Profil :
* Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier,
* Dir beherrscht d’lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch,
* Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech a sozial Kompetenzen,
* Dir hutt Erfarung an der Teamleedung an -begleedung,
* Dir hutt PC-Kenntnisser (Office 365 an Dokumentatioun),
* Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin.
Mir bidden:
* Ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen) esouwéi eng Prime
* Eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
* Iech eng professionell Weiderbildung
Dir fannt weider Informatiounen op www.kraizbierg.lu ënnert der Rubrik ʻJobsʼ wou dir Är Kandidatur bis de 15.01.2025 eraschécke kënnt.