D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz rekrutéiert :
Een Educateur diplômé oder een auxiliaire de vie (M/F/D) – Referenz : 5185
fir seng „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 30 Stonnen/Woch.
Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd naturbegeeschtert? Dann sichen mir genau iech!
Profil :
* Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“ oder "Auxiliaire de vie"
* Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch – All weider Sprooch ass vun Virdeel
* Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich, mam Schwéierpunkt ob den Klengkandberäich.
* Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
* Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
* Dir kënnt autonom schaffen
* Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Crèche ze schaffen
* Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
* Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
* Dir hutt en Führerschäin B
Missiounen :
* Encadrement vun Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer
* Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en zu den Themen Natur an Beweegung dobaussen bei all Joreszäit an Wiederkonditiounen organiséieren an duerchféieren
* Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
* D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
* Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, etc.)
* Den Besoin vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht ginn
Mir bidden Iech :
* Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
* De CCT-SAS Kollektivvertrag
* Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
* Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
* Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
* Eng Organisatioun wou den Mënsch am Vierdergrond steet
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.