Mir sichen Verstäerkung!
Administrativen Assistent (m/f)
CDI - 100% - Dippach (LU)
Du bass organiséiert, dynamesch a sichs eng beräicherend Geleeënheet? Komm an eis Equipe vu 25 Mataarbechter a schaff an engem frëndlechen Ëmfeld, wou deng Villsäitegkeet däi gréissten Atout ass.
Déng Aufgaben
* Sekretariat: Du këmmers dech ëm administrativ Aufgaben, déi fir de gudde Fonctionnement vun der Firma néideg sinn (Post- a Mailverwaltung, Gestioun vu Kontrakter, administrativ Prozeduren, Archivéieren, asw.).
* Empfang a Receptioun : Du suergs fir e frëndlechen Empfang (telefonesch an op der Plaz) fir eis Clienten, Fournisseuren a Visiteuren.
* Ënnerstëtzung: Du ënnerstëtz d'Direktioun am Alldag (kommerziell Ënnerstëtzung, Organisatioun vu Reesen a Versammlungen, Schreiwen vun Agendaen a Protokoller, Organisatioun vu Veranstaltungen, asw.).
* Compta: Du kontrolléiers a verwalts d’Facturatioun, bass den Haaptkontakt fir Clienten a Fournisseuren a garantéiers eng gutt Zesummenaarbecht mat der Fiduziär.
* Services généraux : Du këmmers dech ëm d’Gestioun vum Parc automobile, IT-Material, Gebai a Bureaumaterial.
* Personal: Du bass zoustänneg fir verschidden Aufgaben am Personalberäich (Personaldossiere, Congéen, Absencen, Notes de frais, asw.).
Däi Profil
* Diplom: Du hues en Diplom am Beräich Administratioun, Direktiounssekretariat oder Comptabilitéit.
* Beruffserfarung: Du hues minimum 5 Joer Erfarung an enger änlecher Funktioun. Eng Erfarung am Beräich RH an/oder Services Généraux ass e Virdeel.
* Informatesch Kenntnisser: Du beherrschs MS OFFICE (Outlook, Excel, Word). Kenntnisser vun ODOO si vu Virdeel.
* Sproochen: Du schwätz fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.
* Kommunikatioun: Du hues exzellent sozial Kompetenzen an e gudden Teamgeescht.
* Organisatioun: Du schaffs strukturéiert, autonom a bass léisungsorientéiert.
Mir bidden
* Familiärt a respektvollt Aarbechtsëmfeld: Mir sinn eng Equipe vu 25 Leit a leeë vill Wäert op eng frëndlech Atmosphär.
* Ofwiesslung a Verantwortung: Mir bidden dir e verantwortungsvolle Poste mat villfältegen Aufgaben.
* Entwécklungsméiglechkeeten: Mir bidden dir d’Méiglechkeet, dech weiderzebilden an ze entwéckelen.