HUT - Hëllef um Terrain Engagéiert fir d‘Departement Hëllef fir Kanner a Famillen
1 Responsabel vum Departement
40 Stonne/Woch CDI - Direkt Disponibilitéit
Réf 2024 - RES- AEF
Aufgab:
Bericht un den Direkter, den Employé wäert d'Missioun hunn d'Departement "Hëllef fir Kanner a Famillen" z'entwéckelen a muss de Management an d’Supervisioun garantéieren.
Responsabilitéiten:
* D’Mataarbeschter leeden ze kennen, fir hier Kompetenzen ze entweckelen, d’Aarbechtszäiten an d‘Personal ze geréieren;
* Den administrative Suivi vun de finanziellen a pedagogëschen Aspekter, fir eis Clienten a Beneficiairen garantéieren;
* D’Gesondheet an d’Sécherheet vun de Salariéen an de Beneficiairen versécheren;
* De gudde Fonctionnement vum Service sécherstellen, aus enger Management-, Verwaltungs- an Operationeller Sicht;
* D’Konformitéit an d’Ëmsetzung vun de ministeriellen a institutionelle Direktiven assuréieren;
* Den nationale Rahmenplan fir Hëllef fir Kanner a Famille kennen an e „Concept d’action général“ emsëtzen kënnen;
* D’Implementatioun vum pedagogesche Konzept sécherstellen;
* Ausschaffe vu pedagogesche Projeten an d’Ëmsetzung ënnerstëtzen a garantéieren.
Obligatoresch Ufuederungen:
* Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten;
* Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am sozio-edukative Beräich;
* Du kenns dech mam lëtzebuerger Sozialsecteur, de staatleche Strukturen an der Gesetzgebung aus;
* Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen;
* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften;
* Du kanns selbstänneg schaffen;
* Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitsch Kenntnisser;
* Du hues gutt informatesch Kenntnisser (Word, Excel, Outlook).
Mir bidden un:
* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen;
* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass;
* E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld;
* Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt;
* E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag.
Erfahrung am Beräich mat Migranten a Flüchtlingen ass e Virdeel.
D'Kandidatur (Motivatiounsbréif, CV, Kopie vun den Diplomer, Unerkennung vum Diplom, Autorisatioun fir zu Lëtzebuerg ze praktizéieren, Aarbechtszertifikater, Extraiten aus dem Lëtzebuerger Casier (Bulletin Nr. 3, 4, 5) a Wunnsëtz musse bis den 25.01.2025 via Moovijob.com.
Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Hëllef um Terrain la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Hëllef um Terrain, conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).