Ee Qualitéit’s Beroder / Projekt Manager (m/w/d) – Referenz:
fir säi Service « Qualité, Innovation et Développement (QuID) » am CDI fir 32-40 Stonnen/Woch
Den Qualitéit’s Beroder huet als Haaptmissioun déi verschidde Servicer vun der Croix-Rouge an de Beräicher Non-Formal Bildung an Kanner- an Familljenbetreiung an hiren Verbesserung a Entwécklungsdémarchen ze begleeden.
Missiounen:
* de Service bei der Verbesserung vun der Organisatioun an der Entwécklung vun enger eegener Strategie baséiert op der Rout Kräiz 2030 Strategie ënnerstëtzen
* Prozesser vun de Servicer formaliséieren, analyséieren an verbesseren
* d'Risikomapping an, wa passend, Risikoreduktiounsaktiounen ëmsetzen
* Virfäll an Reklamatiounen analyséieren an behandelen
* Beim Ëmsetzen vun der Qualitéitsbewäertung vun Indicateuren an Mechanismen an de verschidde Servicer deelhuelen
* D‘Servicer an hiren organisatoreschen an beruffleche Entwécklungsprojet’en begleeden
* Ausserdeem Project Manager ënnerstëtzen an hir Kompetenzen entwéckelen (Coaching an Training).
Profil:
* Formatioun am Beräich vun der Gestioun (Management) der Organisatioun, Qualitéit oder Project Management.
* Eng berufflech Erfarung oder Kenntnisser an de Beräicher Non-formal Bildung an Kanner- an Familljenbetreiung sinn vu Virdeel
* Déi 3 Landessprooche (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) beherrschen
* Gutt Kenntnisser vun MS Office hunn
* Gutt Kenntnisser vun Projektmanagement und Change Management’s Methoden hunn
* Gutt kommunikativ Kompetenzen (mëndlech a schrëftlech) anD'Kapazitéit fir Kompetenzen ze vermëttelen an z'entwéckelen hunn (Trainer)
* Kreativ, autonom an pragmatesch sinn
* Fürerschäin B
Am Fall vun enger Astellung froen mir een Extrait vum Casier judiciaire.