Ënner der Responsabilitéit vun der Personalcheffin bass Du zoustänneg fir follgend Aufgaben:
• Gesamt Salairesgestioun mëttels Apsal
• Koordinatioun a Realisatioun vun der administrativer RH Gestioun (Präsenzen/Absencen, Congéen, Chômage intempéries, Ofrechnungen a Subventiounen,Deklaratioune...)
• Präparatioun a Participatioun vun de Rekrutementsprozeduren : Ausschaffen a Verëffentleche vun Annoncen, Selektioun vun CVen, Participatioun un Gespréicher, Kommunikatioun mat de Kandidate
• Kontaktpersoun fir extern Organisatioune wéi CCSS
• Virbereedung vun der Integratioun vun neie Mataarbechter
• Regelméissege Suivi vun der Gesetzgebung am Beräich Paien an Informatioun vun der Hierarchie wann néideg
• Participatioun u verschidde Projeten am RH-Bereich
• Suivi vun de KPI’e vum Service
• Präparatioun vu Rapporte fir d’Direktioun an eis Partner
• Uspriechpersoun fir d’Mataarbechter bei all administrativen RH-Froen
• Participéieren an/oder Ofhale vu Formatioune ronderëm aktiv Aarbechtssich
• Mathëllef bei der Entwéckelung vum Talent Management
• Organisatioun vun den obligatoresche medezinesche Visitten (STI)
• Zesummenaarbecht mam Sécherheetsbeoptraagte bei Accidenter
• Administrativ Aufgaben ewéi Kontrakter opsetzen an Archivéierung iwwerhuelen
PROFIL:
• Minimum DAP administrativ oder mat engem BAC+3 am Beräich Ressources humaines, Administratioun oder Droit
• Gudd Schrëft- a Digitalkenntnisser (Microsoft Office)
• Staark kommunikativ a sozial Kompetenzen
• Gefill fir Responsabiliteit, Organisatioun, Prioriséierung, Dynamik, Flexibilitéit an Diskretioun
• Flichtsprooch: Franséisch
• Zousätzlech ass d’Beherrsche vun enger oder méi vun dëse Sproochen obligatoresch: Portugisesch an/oder Russesch an/oder Lëtzebuergesch an/oder Däitsch an/oder Englesch
• Op mannst 5 Joer Erfarung am RH-Beräich; Erfarung am Interimssecteur ass e Virrdeel
• Selbstännegkeet, Motivatioun, Teamgeescht an Diskretioun sinn onëmgänglech
• Kenntnisser vum Programm Odoo si vu Virdeel
• D’Beherrsche vum APSAL-Programm ass eng virausgesat Bedingung