D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Psycholog.in / Psychotherapeut.in – Referenz: 4409
fir seng nei Struktur vum Service „Psy-Jeunes“ – psychologesch Hëllef an Psychotherapie fir Puppelcher, Klengkanner an Kanner vun 0 bis 12 Joer - am Kanton Lëtzebuerg fir 30 Stonnen/Woch (CDI)
Missioun:
* Psychologesch an psychotherapeutesch Begleedung an Ënnerstëtzung fir Puppelcher, Klengkanner an Kanner mat hiren Bezuchspersounen bei ënnerschiddlechen Ausdréck vun Belaaschtung
Profil:
* Formatioun als Psychotherapeut mat Unerkennung zu Lëtzebuerg
* Formatioun am Beräich vun der psychologescher/psychotherapeutescher Begleedung vun Puppelcher an Klengkanner an hiren Bezuchspersounen
* Formatioun an der Traumatherapie an Bindung ass vun Virdeel
* Berufflech Erfarung an der therapeutescher Aarbecht mat klengen an groussen Kanner
* Beherrschen vun den Landessproochen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
* Flexibilitéit vun den Aarbechtszäiten mat enger Bereetschaft Samschdes ze schaffen
* Liichtegkeet am Kontakt mat Leit
* Teamfäegkeet an Verantwortungsbewosstes
Mir bidden:
* En Kontrakt am CCT SAS Kollektivvertrag
* Eng dynamesch Equipe an där Mënschlechkeet am Zentrum vum Alldag steet
* Intervisioun, Supervisioun an d‘Méiglechkeet sech weiderzebilden
D’Kandidaturen sollen iwwert eisen Internetsite www.croix-rouge.lu/recrutement geschéckt gin.
Am Fall vun enger Astellung froen mir den Extrait vum Casier judiciaire 3, 4 an 5