D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Assistant Social’en (M/F/D) – Referenz: 5204
De Service « Riicht Eraus » vun der Croix-Rouge, deen als Missioun d’psychologesch Berodung vun Täter vu Gewalt am Stot huet, ass op der sich no zwou Assistant Social’en.
Aarbechts Konditiounen:
* CDI-Kontrakt fir en Ufank sou séier wéi méiglech
* Mat enger Stonnenzuel vun 20 Stonnen d’Woch
* Ënnert CCT-SAS Kollektivvertrag, Karriär C6
* Aarbechtsplaz: Lëtzebuerg-Stad
D’Missiounen:
* Als Assistante Sociale wäert Dier de soziale Volet an dësem Service iwwerhuelen an dem Begënschtegen ee psycho-sozialen Accueil, Begleedung an Ënnerstëtzung ubidden
* Enk mat deenen anere Membere vum Service Riicht Eraus zesumme schaffen an Iech reegelméisseg austauschen
* Gespréicher féiere mat de Begënschtege vum Service Riicht Eraus an esou ee Kontakt hierstellen deen ouni Jugement ass an op Vertrauen a Bienveillance baséiert
* Individuell Besoin'e vun alle Begënschtegen erkennen an se iwwert di néideg Informatioune fir Ulafstellen a Rechter opklären
* D’Begleedung vun de Begënschtegen an hirem Denkprozess an Decisioune wärend deene verschiddenen administrativen Demarchen
* An engem aktiven Netzwierk mat aneren Acteuren an Organisatioune schaffen
* Deelhuelen un der Weiderentwécklung an dem Projet vum Service Riicht Eraus an esou de Kampf géint heislech Gewalt ënnerstëtzen
Profil:
* Dir besetzt een Diplom als Assistant Social an d’Erlabnis a Lëtzebuerg ze exerzéieren
* Dir schwätzt Lëtzebuergesch a Franséisch. Englesch, Däitsch an all zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
* Professionell Erfarungen an der Aarbecht mat Täter vu Gewalt ass vu Virdeel
* Dir besetzt gutt Kenntnisser vum lëtzebuergesche Soziale Reseau
* Dir kennt gutt nolauschteren, sidd empathesch a kommunikativ
* Dir hutt Teamgeescht a sidd engagéiert
* Dir sidd flexibel an de Schaffzäiten
* Dir maîtriséiert di gängeg informatesch Outil’en
* Dir hutt e Führerschäin
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.