D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz stellt an
Ee Responsabel an ee Responsabel adjoint (M/F/D) - Referenz :5345
Fir seng nei Crèche zu Iermsdref op Basis vun engem CDI mat 40 Stonnen/Woch.
Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 3 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher a freedeger Aart a Weis ze encadréieren? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd op der sich no engem néie Challenge?
Profil :
* Dir hutt en Diplom am pedagogeschen oder sozio-edukative Beräich(Niveau Bachelor)
o Responsabel : Minimum 3 Joer Beruffserfarung
o Responsabel adjoint : Minimum 1 Joer Beruffserfarung
* Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, All weider Sprooch ass vu Virdeel
* Dir hutt d‘Formatioun „Pikler-Pädagogik “ oder sidd bereet déi zemaachen
* Dir hutt eng éischt Beruffserfarung am Teammanagement
* Dir kënnt autonom schaffen
* Dir sidd kontaktfreedeg an oppe fir mat den internen an externe Partner vun der Crèche ze schaffen
* Dir hutt PC Kenntnisser a schrëftlech Kompetenzen
* Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
* Dir hutt en Führerschäi B
Missiounen :
Fir Responsabel :
* Leedung an Organisatioun vun der Crèche
* Gestioun vun enger pluridisziplinär Ekippe
* Reegelméisseg Ausflich an Aktivitéiten organiséieren, déi d’Entwécklung vun de Kanner fërderen
* Projet’en duerchféieren
* D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang motivéieren
* Zesummenaarbecht mat den internen an externe Partner vun der Crèche promouvéieren (Schoul, Maison Relais, Gemeng, etc.)
* De Besoine vun de Kanner ugepasst gerecht ginn
Fir Responsabel adjoint :
* Encadrement vu Kanner am Alter vun 3 Méint bis 4 Joer
* Enk Zesummenaarbecht mam Responsabel vun da Crèche
* Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten a Projet’en organiséieren, déi d’Entwécklung vun de Kanner fërderen
* De Kanner wichtege Grondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
* D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang motivéieren
* Zesummenaarbecht mat den internen an externe Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, Elteren, etc.)
* De Besoin vun de Kanner mat ugepasste gerecht ginn
Mir bidden Iech :
* Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
* Den CCT-SAS Kollektivvertrag, Carrière C6
* Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
* Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
* Themespezifesch Formatioune passend zum Aarbechtsberäich
* Eng Organisatioun wou de Mënsch am Vierdergrond steet
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.